D'AAAL am MNHM zu Dikrech op der Ausstellung "Ons Arméi um Härebierg"

No der erfollegräicher Visitt vum Musée des Mines zu Rëmleng am Fréijoer mat ronn 30 Leit huet de Conseil d'Administration dëst Joer e zweeten Ausfluch organiséiert an zwar den 04 September 2026 an de Musée National d'Histoire Militaire op Dikrech fir d'Ausstellung "Ons Arméi um Härebierg" ze besichen. Dës Kéier hunn 26 Leit vun de fréieren Artilleristen mat hiere Frënn vun de fréiere Gardisten a Sympatisanten vun de zwee Veräiner dobäi.

Mat ausféierlech Explikatiounen huet de Kurator Benoît Niederkorn vum Musee d'Féierung gemaach an Detailler gezielt vun deenen déi meeschten nach ni eppës héieren hatten.

No der Visitt hu mir eis am Restaurant "Troterbatti" zu Ierpeldeng afonnt wou mir de Rescht vum Nomëtteg mat engem exquisitem Menü verbruecht hunn. KF