Rassemblement des Anciens Artilleurs Luxembourgeois 2023

D'Amicale des Anciens Artilleurs Luxembourgeois hat dëst Jor, Donneschtes, den 22.06.2023 hieren traditionnelle Rassemblement zu Diekrich am Musée National d'Histoire Militaire. Hei kruute mir vum Museesdirekter Benôit Niederkorn déi intressant Ausstellung iwwert d'Lëtzebuerger am Koreakrich gewissen an ausféierlech erklärt. Duerno ware mir an de Restaurant Dahm op Ierpeldeng iessen. Et war vill Gespréich a et sinn vill Spiichten vun de schéinen Zäiten um Härebierg gezielt ginn. A mir hunn eis d'Wuert ginn, eis alleguerten op der jährlicher Feier vun der Ste Barbe, d'Schutzpatronnin vun den Artilleristen erëm ze gesinn.

De Komitee vun den fréieren Artilleristen.