De 17. Januar war an der Grondschoul zu Dikrech a Präsens vun engem Vertrieder vun der Gemeng eis 172. uerdentlech Generalversammlung. D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech asbl huet de Bilan vum Joer 2022 gemaach, deen sech méi wéi gutt ugesäit. Matt 10 neie Memberen, déi am Laf vum Joer de Wee bei eis fonnt hunn, an engem verstäerkte Comité konnt eise Chouer op een gutt a chargéiert Joer zréckblécken.
An eiser Assemblée générale goufen d’Fanny Borschette an d’Nadia Clement nei an de Comité gewielt, d’Mady Bertemes, d’Joëlle Muller an d‘Michèle Schiltz goufen an hire Poste confirméiert. De Comité setzt sech deemno folgendermoossen zesummen: Manfred Logeling, Präsident. Mady Bertemes, Vize-Präsidentin, Joëlle Muller, Sekretärin. Karin Jacobs, Caissière. Marguy Toussaint, Michèle Schiltz, Fanny Borschette an Nadia Clement, Memberen.
Och d’Kees vum Dikrecher Sängerbond ass gesond. Obwuel mir ee grousse negative Posten haten mat der Participatioun vum Veräin un de Fraisen vun eisem Ausfluch, konnte mir awer duerch Donen an Hämmelsmarsch gutt Recette verbuchen.
Op eisem traditionelle Banquet den 21. Januar, huet eise Präsident deene Membere gratuléiert, déi vun der UGDA eng Éierung kritt hunn. Aus den Hänn vum Joé Heintzen, Vertrieder vun der UGDA, goufe folgend Medaile verdeelt: Monique Glod & Marianne Max, 10 Joer, Lynn Schmit, 5 Joer.
Eis musikalesch Aktivitéiten koumen definitiv no der Pandemie net ze kuerz, ganz am Géigendeel, eise Veräin huet 2022 rëm richteg duerch gestart. Gläich 7 Concerten iwwert d’ganz Joer verdeelt stoungen op eiser Agenda.
Den 22 Januar stounge mer ënnert der Leedung vum Rainer Serwe, mam Orchester Musiker ohne Grenzen an Ënnerstëtzung vu der Chorale Eurocantica, dem Unichouer a Sängerfrënn vum Dikricher Sängerbond, am bal ausverkaaftem Sall an der Philharmonie fir de Concert «Music for Peace» op der Bün.
Beim «Concert de commémoration en mémoire de SAR Grand-Duc Jean» an der Philharmonie den 23. Abrëll, huet den Dikricher Sängerbond en Deel vum grousse Chouer gestallt. Et war eis eng Éier, un deem aussergewéinlechen Evenement, dat d’UGDA organiséiert hat, virun engem grousse Public dierfen deelzehuelen.
No den traditionelle Rendezvousen wéi Oktav an Nationalfeierdag, wou de Sängerbond och ëmmer present ass, stoung, op Initiativ vum Roby Schiltz an Ambitus an zesummen mat anere Chéier, de «Geiger von Echternach» um Programm. Ënnert der Leedung vum Pierre Cao huet dëse Concert de 9. Juli am ausverkaften Trifolion stattfonnt a gouf vum Public mat Standing Ovations belount.
No engem waarmen, mee erfollegräichen Hämmelsmarsch, dee de Sängerbond ëmmer zesummen mat de Kolleege vun der Chorale Ste Cécile organiséiert, ware mir, vum 19. bis den 21. August, fir eise wuelverdéngten Ausfluch ënnerwee. An der Bourgogne hu mir eis et gutt goe gelooss, a mir hunn eis et och selbstverständlech net huele gelooss, fir op verschiddene Plazen dat eent oder anert Stéck zum Beschten ze ginn.
Ausgerout a gutt gelaunt, hu mir eis am September un d’Aarbecht gemaach an ee usprochsvolle Chrëschtconcert „Chantons Noël à travers le temps“ preparéiert. Den 3. Dezember zu Dikrech an den 10. Dezember um Lampertsbierg, huet de Sängerbond, zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica an dem Orchester Estro Armonico, ënnert de Leedung vum Andy Loor, een ofwiesslungsräiche Programme präsentéiert. Extraite vum Weihnachtsoratorium vum J.S. Bach, mee och méi weltlech Wierker vum J. Rutter an traditionell Chrëschtlidder stoungen um Programm.
Zum Ofschloss, ass de Chouer de 17. Dezember nach an de Servior „Bei der Sauer“ op Dikrech gaangen, fir de Pensionnairen ee klenge Chrëschtconcert ze sangen an domat eist vollgepaakte Joer ofzeschléissen.
Vollmotivéiert starte mir elo an di nei Saison a mir freeën eis drop, di nächst Concerten ze preparéieren. Sonndes den 9. Juli sange mir an der Philharmonie ënnert de Leedung vum Martin Elmquist zesummen mat 3 anere Chéier an dem Luxembourg Philharmonia Orchestra de Concert „Bouquets d’opéras“. Fir Enn November dann, wäert den Dikrecher Sängerbond ee méi moderne Concert an Ugrëff huelen an ënnert dem Thema „Film- an TV Musek“ ee flotte Programm präsentéieren.
Den Dikricher Sängerbond huet d’Pandemie gutt iwwerstane a mir sin houfreg, datt mir et gepackt hunn souwuel nei Memberen ze kréien, wéi och ee gudden a staarken Comité ze hunn, de ronderëm dem Dirigent Andy Loor vollmotivéiert a mat enger gudder Stëmmung an eng positiv Zukunft kuckt.
Wee gären um Courant iwwert eis Aktivitéiten bleift, eis Chorale ass och op de soziale Medien aktiv: www.sbd.lu / https://www.facebook.com/SBDiekirch