PANDEMIE APLAZ SYMPHONIE Den Dikrecher Sängerbond no Zwangspaus rëm am Asaz.

De 25.01.2022 war dem Sängerbond Dikrich seng 171. uerdentlech Generalversammlung a Präsens vun der Eierpräsidentin Christiane BACHSTEIN am Festsall vun där fréierer Jongeschoul. De Präsident Manfred LOGELING konnt leider kee grousse Réckbléck maachen, well d’Pandemie de Chouer gezwongen hat, an de Lockdown ze goen.


Mee no enger laanger Sangabstinenz, hunn d’Impfungen an di nei Restriktiounen 2021 endlech rëm erlaabt ze sangen. Nodeems d’Saison 2020 - 21 mat Onlineprouwen a Bréifwal ofgeschloss gouf, hun d’Memberen vum Dikricher Sängerbond dierfen zesumme mat de Sängerkollegen vum Cäciliechouer vun Dikrech am August 2021 den Hämmelsmarsch duerch Dikrech sangen.


D’Freed war och grouss, wéi de Chouer ab September rëm ee méi oder wéineger normalen Prouwenalldag erliewen konnt. Matt vollem Elan hunn d’Membere sech mat hire Renforte vum Ensemble Vocal Eurocantica a Frënn vum Helvetia Tandel an dem Uni Chouer un d’Aarbecht gemaach fir de Concert „Music for Peace“ an der Philharmonie, dee fir 2020 geplangt war, virzebereeden. Dëse flotten an aussergewéinleche Concert, bei deem den Héichpunkt d‘Wierk „The Armed Man“ vum Karl Jenkins war, konnt den 22.1.2022 an enger gutt gefëllter Philharmonie mat Standing Ovations opgefouert ginn.


Den Dikricher Sängerbond konnt dëse Projet, deen ënnert de virgeschriwwenen Restriktiounen ofgehale gi ass, ouni Problemer iwwert d’Bün bréngen. Et gouf keng gréisser Erkrankungen a de Veräin huet kee Member u Covid 19 verluer.

No der Generalversammlung setzt sech de Comité vum Sängerbond aus folgende Persounen zesummen: Manfred LOGELING, Präsident. Mady BERTEMES-SCHROEDER, Vize-Präsidentin. Joëlle HUT-MULLER, Sekretärin. Karin JACOBS-FLAMMANN, Kessiär. Marguy TOUSSAINT-LORENTZ & Michèle SCHILTZ, Memberen.


Wéi et beim Sängerbond Traditioun ass, huet de Veräin den 29.01.2022 seng Memberen zu dem alljärleche Banquet invitéiert, dee jo leider 2020 & 2021 huet missten annuléiert ginn. Wéi gewinnt gouf et Kuddelfléck à la Dikirchoise a „beim Charel“ zu Angelduerf, sinn eis Memberen an Inviteën gutt verwinnt ginn. Bei där Geleeënheet huet de Sängerbond och di laangjäreg Membere geéiert. Eng ganz Rëtsch Medaillen vun 2020 an 2021 konnten aus den Hänn vum UGDA-Vertrieder Joé HEINTZEN an a Präsenz vun der Eierepräsidentin Christiane BACHSTEIN iwwerreecht gi: Monique-GLOD 5 Joer, Marie-Louise FLICK-HERMES, Fanny LAUGS-BORSCHETTE, Peggy NESEN, Claudine NEVEN a Michèle SCHILTZ 10 Joer, Mady BERTEMES-SCHROEDER a Colette PAULUS, 30 Joer, Annemie DOSTERT-KIRCHESCH, Joëlle HUT-MULLER, Carlo WAGNER a Paulette WEICKER-BARTHOLME 40 Joer. Hinnen all ee grousse Merci fir hire jorelaangen Engagement fir de Veräin.


De nächste grousse Projet steet elo an d’Haus an de Sängerbond ass ganz houfreg, dierfen beim Concert commémoratif en mémoire de SAR Grand-Duc Jean den 23.04.2022 an der Philharmonie, matzesangen. Déi Energie déi bei sou engem Projet fräi gesat gëtt beräichert all Sängerin a Sänger fir weider Gesang ze maachen a sech der Musek ze widmen . Et seet een net ëmsoss: „Musik verbindet“ an et ass di bescht Medezin géint de Corona-Blues. Symphonie aplaz Pandemie.