Elisabeth Enfance et Jeunesse an Apollonia S.A. S.I.S éieren trei Mataarbechter

De 7. Januar 2023 goufen d’laangjäreg Mataarbechter vun Elisabeth Enfance et Jeunesse an Apollonia S.A. S.I.S. (Elisabeth Administratioun) an der Aler Seeërei zu Dikrech geéiert. 38 Kollaborateuren, dorënner d’Generaldirektesch Fabienne Steffen, krute fir hir 10 Déngschtjoer gratuléiert. 4 Mataarbechter goufe fir 20 Déngschtjoer, an 1 Mataarbechter esouguer fir 30 Joer bei Elisabeth Enfance et Jeunesse geéiert. Och 11 Pensionnairë kruten am Kader vun den Éierunge Merci fir hir wäertvoll Aarbecht gesot. D’Éierunge waren eng flott Geleeënheet, déi vill Talenter am Secteur ze honoréieren an d'Wichtegkeet vun hirer Aarbecht ze ënnersträichen.


No den Éierunge ass et mat der Personalfeier weidergaangen, déi dëst Joer ënnert dem Thema “black and white” stoung. Dës Editioun war déi éischt säit dem Ufank vun der Pandemie, wat de Mataarbechter ëmsou méi e Grond ginn huet fir sech selwer an hir Kolleegen ze feieren. Alles an allem war et e gelongenen Owend!


Weider Informatiounen iwwer Elisabeth Enfance et Jeunesse fannt Dir op eisem Site: https://www.elisabeth.lu/enfance-et-jeunesse/


Fotoen: FD Media, Dan Georges ”DaMore”