Generalversammlung a 15. Gebuetsdag vun der Nordstadjugend

D’Nordstadjugend asbl huet viru kuerzem op hir uerdentlech Generalversammlung an hire Siège an d‘Maison de l’Orientation zu Dikrich invitéiert. De President vun der asbl., de Maurice Losch, konnt hei eng 50 jonk an och manner jonk Leit begréissen, déi un der non-formaler Jugendaarbecht interesséiert sinn a fuerwetzeg waren, wat alles vu flotten Aktivitéiten a Projet’en am Joer 2022 realiséiert goufen. D’Sekretärin Suzette Serres, souwéi d’Coordinatrice Harpa Tordardottir hunn e Réckbléck op d’läscht Joer gemaach:  Opsichent Jugendaarbecht, Vakanz- a Summeraktivitéiten, Graffiti Workshops, Kachatelier’en, den Theaterprojet „Féier eng op“, de Fairplay-Fussballtournoi, de Kachconcours, … dat ass just eng kleng  Auswiel un Aktivitéiten, déi stattfonnt hunn, all natierlech am Sënn fir déi Jonk ze stäerken a fir d’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken.

Mam Projet „Noju@school“ huet d’Verbindung vun der non-formaler mat der formaler Bildung op flott, kreativ an interaktiv Aart a Weis stattfonnt. Hei sinn éischt Kontakter mat de Kanner an dem Léierpersonal aus dem Cycle 4.2 vun den Écoles Fondamentales, resp. Maisons Relais  aus eisen 12 Partnergemengen (Ärenzdallgemeng, Beefort, Bettenduerf, Buerschent, Colmer-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldeng, Mäerzeg, Noumer a Schieren) entstanen. Och mat de Lycéeën aus der Nordstad besteet eng gutt Zesummenaarbecht, e.a. den „Open School“ mam LTEtt, oder e Präventiounsprojet mam LCD. Desweideren huet d’Noju 3 Babysitter-Formatiounen an 1 Animateur-Brevet A Formatioun ugebueden.

De Keessjee Pit Dahm huet d‘Finanze präsentéiert, déi bei 12 Partnergemengen a mëttlerweil 19 pedagogesche Mataarbechter op eng net onbedeitend Zomm ugewuess sinn.

Als Ofschloss stoung nach de 15. Gebuertsdag vun der Nordstadjugend um Programm: Hei huet de laangjärege Comitésmember a fréiere President Jacques Dahm op d‘Entstehung vun der Nordstadjugend zréckgekuckt. Den Owend ass ausgeklonge bei engem gudde Maufel a Patt, souwéi natierlechem engem Stéck vum Gebuertsdagskuch.

Weider Infos op www.nordstadjugend.lu

Weitere Neuigkeiten von Diane Flammang >