Generalversammlung vun der Nordstadjugend asbl.


Viru kuerzem huet d’Nordstadjugend hir uerdentlech Generalversammlung zu Feelen am Hennesbau ofgehalen. A Presenz vu Vertrieder vun hire mëttlerweil 12 Partnergemengen (Aerenzdallgemeng, Beefort, Bettenduerf, Buurschent, Colmer-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Feelen, Ierpeldeng, Mäerzeg, Noumer a Schieren) an och vun der DLJ, souwéi anere Vertrieder, huet de Verwaltungsrot an d’edukatiivt Personal e Réckbléck op d’Joër 2021 gemaach. D’Nordstadjugend besteet aus 5 Servicer:

-d‘ Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck,

-de Regionale Jugendservice,

-d’Jugendwunnen,

-d’Jugendaarbecht regional, national an international an

-d’Koordinatioun a Vernetzung.

2021 goufen ganz vill Aktivitéiten a Projet’en mat a fir di Jonk tëscht 11 a 26 Joer realiséiert, dëst ëmmer mam Fokus op d’Wuelbefannen vun de Jugendlechen. Vu Vakanzenaktivitéiten, iwwer Präventiounsprojet’en, opsichent Jugendaarbecht, Jugendinformatioun a Berodung, bis hin zur Zesummenaarbecht mat de Klassen vum Cycle 4.2, de Lycée’en an de Maisons Relais war alles dobäi. Och Babysitteren an Animateuren si bei der Nordstadjugend ausgebilt ginn. Am Jugendwunnen hu mëttlerweil 20 Jonker hiert Doheem fonnt an d’Waardelëscht ass nach laang.

Als Ofschloss vun der Versammlung ass de Claude Nussbaum fir 15 Joer bei der Nordstadjugend geéiert ginn an d’Gemeng Feelen huet e Patt offréiert.

Weider Infoen fann Dir op www.nordstadjugend.lu

Weitere Neuigkeiten von Diane Flammang >