Preisverdeelung vum Concours « Notre ville en fleurs 2016 » zu Dikrich

Am Fréijar 2016 waren di Dikricher Lett opgeruff ginn vir hir Viirgäertercher, Heiserentreeën, Balkonen a Fënsteren mat Blummen ze verschéineren. Während dem Juli an dem August hunn 3 Comitésmemberen vum Gaart an Heem Dikrich puermol d ‘Ronn gemaach fir bei deenen, déi sich ugemellt haten, eng Bewäertung ze maachen.
De 7. November war dunn d’Präisiwerreechung zesumme mat dem Buergermeester, dem 1. Schäffen , de Vertrieder vum Syndicat d’Initiative an der Union Commerciale. Et goufe 5 Haaptpräisser verdeelt a jiddereen, de matgemaach hat, krut och en Troustpräis.