Regional Versammlung Norden vum Gaard an Heem

E Samsdig, de 14. Mäerz war zu Dikrich déi dësjährig Fréijarsversammlung vun der Regioun Norden vum Gaart an Heem. Iwer 50 Delegierter hu no der Begréisssungsried vum Dikricher CTF-Präsident Carlo Schmitz, den e kuerze Réckbléck vun den Aktivitéiten vun der Dikricher Sektioun gemaach huet, Erklärunge vum Nordpräsident Jos Crochet an der Nationalpräsidentin Martine Mergen nogelauschtert. Si huet d'Aktivitéiten vun der Dikricher Sektioun begréisst fir di Jonk mi aktiv an ze bannen. De Generalsekretär Fantini huet erklärt wat 2014 op landesniveau ofgelaf ass an de Kässier huet d'Finanzen duergeluecht. Bei engem Pättchen, offriert vun der Dikricher Gemeng, a puer Schnittercher, gestëfft vun der Dikricher Sektioun, ass d'Versammlung offgeschloss ginn.