Spill a Spass am Schnéi

Wei schéin ass frëschen Schnéi? Jiddereen huet sech schon domat ameséiert an huet flott Erënnerungen un déi weiß Deeg.
Haut gesin ech och nach gär, wei d’Kanner sech raus ameséieren gin. De Schnéi zitt se einfach un. Een Schnéimännschen bauen, Schlitt fueren oder eng Schnéiballschlacht, egal wat se machen, wat emmer dobei ass: lachend Gesiichter.
Mais wou sollen d’Kanner haut nach d’Zeit hierhuelen fir sech mol eng Kéier sou richteg am Schnéi ze ameséieren? Moies an d’Schoul, Mettes reicht rem an um 5 Auer gët et schon rem daischter. Firun 20 Joër wuer daat nach einfach. Moies huet een gesin wat fir e Katzenwieder dobaussen war, den Radio ugedréint an op den berühmten Sproch gewart: “Haut bleiwen d´Schoulen zou!”. Dono ass alles schnell gang: Schnéikostüm un, Hännchen a Mutz gesicht, an raus.
Haut geet dat nët méi. D’Schüler duerfen net méi frei kréien, soss verpassen se ze vill an der Schoul. Naturwëssenschaften, Algebra an Literatur, mir hun och Alles matgemach, mais och wann mol een Daag Paus war hun mir neischt verpasst. Firwat verpassen eis Kanner dann haut Eppes? Anscheinend hun se io nët méi ze léieren wei soss, wouduerch kënnt dann deen Drock, dass se ëmmer mussen voll dobei sin?
Losst eis Kanner och mol Kanner sin an sech bessi ameséieren, daat huet nach kengem Geschued. Well aal gin se fréi genuch a Verantwortung mussen se dann och iwwerhuelen, dofir schwätzt se lo dovunen frei.
Dass lo exceptionell Schnéi läit, soll gefeiert gin, sou dass d’Kanner och exceptionell hier Rou hun. Denkt un är Kanner, eis Zukunft, an ameséiert iech mat hinnen. Sie soën iech Merci!

Weitere Neuigkeiten von Jim Barthel >