Nostalgie pur: d'Rieserad (Fouertester)

Schons seit Klengem un erliewen ech mat menger Famill d'Ufankszeremonie vun der Fouer. Uschleissend gesellen mir eis dann an den Restaurant an iessen een gebackenen Fesch. Dono fänkt den leschtegen Deel vum Owend un: Spiller. Während dei Aal sech gemittlech lanescht Verkafsbuden machen amiseieren sech dei Jonk op sämtlechen Spiller. Opgeregt sin mer och dest Joer op dei nei Attraktiounen gestiermt (den Power Tower 2 huet och mussen drun glewen).
An och wann et all Joer nei Spiller gin, bleiwt eent emmer dat nämlecht: d'Rieserad! All Joer erbleckt een schon vun Weitem wei dat majestätecht Rieserad sech een Bleck duerch d'Heichhaiser erkämpft. Et ass net grad schnell oder gefeierlech, sou dass et net ein Schema geif passen, mais et ass verbonn mat villen Errenerungen an Gefiller. Meng Bom huet mir virun e puer Joer nach erzielt, weini dass et fir dei eischte Keier op der Fouer stoung, an wei sie hieren eischten Tour-ronde empfond huet.
Et klemmt een rop an den Himmel, geseit iwert dei ganz Stadt an et distanzeiert een sech gewessermossen vun deem ganzen Chaos ennert engem op der Fouer. En plus ass een sengen Kollegen an Famillienmemberen nie sou no wei wann een an deser Gondel setzt an een rouegt Wuert mat hinnen schwätzen kann.
Lo mat 18 Joer wees ech reicht wat d'Leit emmer un desem aalen Monstrum empfannen an ech kenn iech soen et ass nemmen Guddes. Fir Grouss an Kleng fannen ech ass een Besuch um Riesenrad een MUSS wann een op d'Fouer geet. Well et sin des kleng Momenter vun Rou an Fridden wou mir an deser hektescher Zeit brauchen.