Virstellung vum Buch "Beschwerliche Zeiten" vum Pierre Bauler am MNHM
um weitere Bilder zu sehen.
Den 12. November goufen dem Pierre Bauler, Joergang 1937, seng Erënnerungen u seng Kandheet am Zweete Weltkrich am nationale Militärgeschichtsmusee zu Dikrich (MNHM) virgestallt. Dat neit Buch ass am August erauskomm a beschreift d’Liewen ënner der däitscher Besatzung, d’Liberatioun duerch d’Amerikaner an déi dramatesch Flucht vun der Famill Bauler-Greisen vu Gilsdref iwwer Dikrich an d’Stad während der Ardennenoffensiv.
D’Historiker Benoit Niederkorn a Philippe Victor hunn d’Buch an de regionale respektiv mikrohistoresche Kontext gesat an d’Erzielung vum Pierre Bauler als séier intressant Zäitdokument qualifizéiert. Leider gëtt et ëmmer manner Zäitzeien a grad dofir steet och dëst Dokument stellvertriedend fir dat, wat vill Kanner a Jugendlecher wärend dem Krich erlieft an erlidden hunn. Uschléissend huet dem Pierre Bauler säi Jong André eng Rei Auszich aus sengem Papp sengem geschriwwenen Temoignage virgelies. (Text : André Bauler) (Fotoen : Charles Reiser)