Gefälligen Galaconcert mat de Startmusikanten vun der Préizerdauler Musik


Préizerdaul: Nei Musikanten an hire Reien an den éischten Optrëtt vun den Dauler Startmusikanten, all déi Merkmaler hunn de Galaconcert 2026 vun der Préizerdauler Musik an der passend zum Owend gestalter Bühnendekoratioun, gepräägt. Dese gefëlligen Concert mat Titel " That's all Folk" bei vollem Haus war de Beweis, dat di Dauler Musik beim Publikum och vill Sympathisanten huet. Hiren dynamischen Chef Christophe Terver hat mat senge Musikanten och flott Musiksstécker erausgesicht, déi och no all Optrëtt mat vill Applaus honoréiert goufen. Am éischten Deel waren di Dauler Startmusikanten un der Reih, déi mat den Opféierungen vun "The Lion sleeps tonight", "Cancan" an "Pokemon Theme" hirt musikalischt Talent mat Bravour bewissen hun. Duerno hun d'Musikanten mat engem flotte Programm begeeschtert. Hei koumen bekannt an och manner bekannt Melodien wi "March of the Smurfs", " Higlights from Moana" bis hin zum " The Pinck Panther zur Opféierung". Mat vill Humor gespickt war de "Mickey Maus Marsch" de bei de gefuerderten Zugaben den Zuschauer och extra gutt gefall huet. Moderatorin vum Owend war d'Laura Weis, dat di eenzel Musiksstécker och am Detail gekonnt erkläert huet. Zum Schluss vun dem Gala 2026 war et fir de President Franz Hilger eng besonnesch Freed di vill Unhänger vun der Dauler Musik och häerzlech ze begréissen an hinnen och séi Merci ausgedréckt huet, fir hiert Kommen. Natirlich goung säi Merci och un den Dirigent mat sengem Orchester, der Moderatorin, deene Leit, déi fir di flott Bühnendekoratioun, der Broschüre an den Service gesuergt hunn, der Gemeng mat alle Sponsoren awer och un déi Musikanten déi spontan bereet waren, mat hirem Instrument, di verschidde Regësteren ze besetzen. Bei engem gemittliche Patt huet dese schéine Concert 2026 vun der Préizerdauler Musik säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)