Fête du Grand Âge mat 14 Jubilaren am Cipa Blannenheem


Rolleng/Miersch : Am Cipa Blannenheem ass et di schéin Traditioun fir all sechs Méint am Kader vun der Fête du Grand Âge hir Jubilaren zu hirem ronne Gebuerstag ze éieren. Den 23. Juli war et nees e esou wäit wou nit manner wi 14 Matbewunner mat engem klenge Kado, d‘Gléckwënsch vum Haus konnten entgéint huelen. An hiren jeweiligen Rieden hun souwuel den Generaldirekter Pierre- Jean Oger, Direktorin Carole Theisen an dem Heng Krier vun der Gemeng Miersch alle Jubilaren weiderhin eng gut Gesondheet an nach vill zefridde Joeren derbéi gewënscht. Natirlich huet e Glas Crémant mat engen Stéck vum grousse Gebuertsdagskuch an enger Taass Kaffi bei deser schéiner Feier och nit gefeelt. Musikalisch huet den Entertainer „Gino“ de ganzen Nommëtteg fir gut Stëmmung am Sall gesuergt. Geéiert gi sin fir 80 Joer: Dubost- Fouchet Nicole, Wagener Jacqueline a Trommer René. Fir 85 Joer: Eischen- Koch Anne a Rossi- Hoffmann Juliane. Fir 90 Joer: Kieffer - Rollinger Léonie, Kieffer- Dunz Nadine a Vosman-Van Vilsteren Berta. Fir 95 Joer: Bisenius- Wagner- Lucie, Hoffmann- Meisch Elise, Bintz-De Vleeschauwer Diane, Hoffmann-Conzemius Marie Catherine a Kayser-Gabrylcic Alice. Mat engem Happy Birthday ass och fir den 103. Gebuertdag vum d’Elise Toisul- Lamesch zesumme gefeiert gin.(CR)