Am Home pour personnes agées Saint François ass mat 27 Jubilaren gefeiert gin


Réiden/Atert: E puer Mol am Joer, ass et och am Home pour personnes agées Saint- François zu Réiden, di schéin Traditioun fir hir Jubilaren zum Gebuertsdag ze feieren. Am Kader vun enger grousser Gebuertsdagsfeier, den 23. Juli, konnten all di 27 Matbewunner vun de Méint Mee a Juni, d’Gratulatiounen vun der Direktioun mam Dany Oestreicher zesummen mam Pflegepersonal an der Schwester Benedikta, entgéint huelen. Di schéin Rousen an de klenge Kado déi vun de Leit vum Grupp „R“ iwerreecht gi sin, huet de Jubilaren och vill Freed gemeet. Fir den musikalischen Encadrement huet den Entertainer Rom Thielen den ganzen Nommettëg och bäschtens gesuergt. Bei engem Glas Crémant, engem gut gefëlltem Teller, Kaffi a Kuch zesummen mat de Familljememberen huet dess schéi Feier, verbonnen mat flotter Danzmusik no e puer agreabler Stonnen hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren vum Mount Mee: Ries Aloyse (93 Joer), Schronen-Rasque Catherine (84), Kaufmann- Unsen Anne 93), Collard- Reuter Cécile (86), Wanderscheid- Belche Raymonde (89), Haan- Welter Marie- Anne (82), Dondlinger- Houblie Marguerite (89), Feinen- Jacoby Alice (91), Nerantzis-Gibson Susan (85), Pletschette- Wolter Rosa (89), Neuberg- Zeimet Rose (85), Gratia- Wagner Georgette (79, Bredimus Joseph (79), Haan Michel (89), Gloesener- Schleich Josée (91) a Karger- Weis Jacqueline (90). Mount Juni: Meyer- Pint Léonie (90), Muller Ady (86), Meis Michel (84), Reiser- Agnes Lisa (90), Reyland- Sabus Anne- Hélène (94), Huberty Renée (78), Wald- Wagener Maria (84), Schmitz Jean Joseph (89), Welter Jean Emile (82), Krack Fernand (79) a Wagener- Haas Renée (92). (CR) (Foto: Charles Reiser)