Visitt vum Minister Max Hahn an der Maison de Soins Sacré-Coeur

D’Maison de Soins Sacré-Cœur zu Dikrech huet viru kuerzem de Ministre de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région, den Här Max Hahn, begleet vun enger Delegatioun vum Ministère, empfaangen.

Wärend dëser beräicherender Begéinung goufen d’Aktivitéite vun Elisabeth Senior virgestallt an aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen erkläert an diskutéiert.

Bei hirem Besuch koumen de Minister a seng Ekipp an enger waarmer a frëndlecher Atmosphär och a Kontakt mat de Bewunner.

Mir soen dem Här Minister Max Hahn a senger Ekipp e grousse Merci fir déi encouragéierend Visitt an hir kontinuéierlech Ënnerstëtzung.

Elisabeth Senior këmmert sech ëm d'Gestioun vun enger Maison de soins an 3 CIPAen, d’Haaptmann's Schlass zu Berbuerg, de Foyer Ste Elisabeth zu Beetebuerg an de Ste Elisabeth am Park an der Stad, souwéi vum Club Senior deForum zu Beetebuerg.