99. Generalversammlung vun der Philatélia Déifferdeng

Viru kurzem huet d'Philatelia Déifferdeng op seng 99. Generalversammlung an Hall O zu Déifferdeng invitéiert.

A senger Begréissungsried huet de President Michel Kirsch den aktive Membere Merci gesot, déi un Inlands- respektiv Auslandsausstellungen deelgeholl hunn. E Merci gouf et och fir d'Gemeng, d'POST an d'Medie fir hir Ënnerstëtzung wärend dem ganze Joer. No der Begréissungsried ass eng Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen a Philatelisten ageluecht ginn.

Den Aktivitéitsbericht vun der Madame Sylvie Giannotte wor gutt gefëllt. Am Joer 2025 waren 9 Monatsversammlungen an 2 Komiteessëtzungen. De Veräin huet op Nationalen an Internationalen Evenementer deelgeholl an esou wuel de Club ewéi och d'Federatioun gutt vertrueden. Fir den 100. Gebuertsdag deen d'nächst Joer geféiert gëtt huet d'Madame Giannotte schonn iwwert verschidde flott Projete mat der Gemeng an der POST geschwat. Den Héichpunkt vun de Feierlechkeeten ass nächst Joer den Nationale Kongress an eng lokal Ausstellung.

De Bilan 2025 hat ënnert dem Stréch een Defizit ze vermelle mee déi Finanziell Situatioun vum Club ass nach ëmmer gutt.

De Pierre Steffen an de Michel Kirsch goufen duerch d'Generalversammlung an hirem Amt bestätegt an d’Madame Huguette Gonckel-Muller als neie Member an de Comité opgeholl.

D‘Veräinsmedaille fir 30 respektiv 40 Joer an d‘FSPL Éierennol a Bronze goufe vum Verbands-Präsident Lars Böttger un d‘Memberen ausgedeelt.

Nodeems de Verbands-Präsident seng Felicitatioune fir d‘Engagement un de Veräin zum Ausdrock bruecht huet gouf d‘Generalversammlung bei Gespréicher an engem Patt ausklénge gelooss.