Groussen Mammendag Vide Greniers, Brocante Vide Dressing mat iwwer 150 Stänn


Den 11.Juni am Déifferdenger Zentrum:


Groussen Mammendag Vide Greniers, Brocante  Vide Dressing  mat iwwer 150 Stänn


No dem ganz groussen Succès um 1. Mee beim Startschoss vun der Outdoor Floumaart Saison 2017 am Déifferdenger Zentrum mat 147 Aussteller an dausenden vun Visiteuren iwwert den Dag duerch , ass et elo op Mammendag den 11. Juni deen zweeten groussen Floumoart am Déifferdenger Zentrum.


Während dem ganzen Dag dann, kann een sief et op der Maartplaz an der Foussgängerzone an, an den Stroossen ronderëm den Parc Gerlache eng grouss Auswiel un Frippercher erwëschen .Och fir den Honger an Duuscht ass beschtens gesuergt , de lokale Schéissclub zerveiert ënner anerem Gegrills an der Foussgängerzone an d'asbl Minimiez bidden hir handgeschnidde Fitten zum Verkaf un.

Organisateur vum Floumuart ass Hobbydiff94 den Supporterclub vum HB Red Boys Déifferdeng. Informatiounen & Umeldungen ginn entgéint geholl ënnert der Nummer +352661963417 oder mail : hobbydiff@handballredboys.lu.


Déi kommend Rendez-Vous am Zentrum zu Déifferdeng sinn: Sonndes den 9. Juli , 13. August, 10.September an 8. Oktober