Scheckiwwereechunge bei de Bayern Frënn Lëtzebuerg'86

Diddeleng. Am Verainslokal dem Café an der Griet hunn dëser Deeg d'Bayern Frënn Lëtzebuerg’86 traditionell nees 2 Schecken an Héicht vu 4000€ fir de gudden Zweck iwwerreecht. Nodeems de Veräin am Joer 2016 säin 30. Jubiläum gefeiert huet an zu dësem Ulass schonns 30.000€ un verschidde karikativ Organisatioune gespent haten, konnten di Verains Verantwortlech ëm hire President Leo Stumpf a Sekretär Patrick Kerschen als definitiven Ofschloss vum Jubiläum, 2 weider Vereenegunge mat enger klenger Ënnerstëtzung glécklech maachen. Den éischte Scheck vun 2000€ goung un d'Fondatioun "Wonschstär", Scheck deen duerch déi Damme Morena Puntel a Viviane Vermeer entgéint geholl gouf. Den zweeten och mam Betrag vun 2000€ wuar fir d'FAL (Fondation Autisme Luxembourg) déi duerch de Carlo Klein vertruede war. De BFL86 President Leo Stumpf huet bei der Geleeënheet d'Gäscht begréisst an dunn a senger Usproch d'Aktivitéite vun de Bayern Frënn Lëtzebuerg erläutert. Duerno hunn di 2 Fondatiounen sech kuerz presentéiert, Ier d'Schecken iwwerreecht goufen. Bei enger klenger Agape huet dëse Feier säin Ofschloss fonnt.