Concours "village fleuri 2023" Gemeng Dippech

De 15. November huet de Gaart an Heem zesumme mat der Gemeng Dippech an dat neit Kulturhaus "Pontebier" invitéiert fir di schéinste Gäert auszezeechnen. 50 Leit sinn der Invitatioun no komm an dat weist op e groussen Interessi un dëser flotter Veranstaltung.D'Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller an d'Präsidentin vu Gaart an Heem Margot Thill hunn d'Leit begréisst. Dono goufen di 35 Gewënner ausgezeechent. Jidderee vun hinne krut e flotte Cadeau iwwerreecht.Den Éierewäi gouf vun der Gemeng Dippech offréiert fir dëse flotten Owend ofzeschléissen.