Parkfest Gemeng Dippech

Eist "Parkfest" de Weekend war e ganz grousse Succès. Zwee Deeg laang konnten d'Leit die nei Spadséierweeër benotzen fir an de Park ze kommen wou een vill Aktivitéiten mat der Famill maache konnt. Musikalesch waren Jazz, Blues, Rock an Hip-hop ugesot. Den DJ Luke, Jeannette Dalia Curta, The Gazmen, FRESHDAX, OffRec. an Mental - Coverband sinn opgetrueden. Eis lokal Veräiner hunn fir de Catering gesuergt an 2 Foodtrucks waren och op der Platz.