Den Donkelsser Wollef

Den "Donkelsser Wollef" war e Schéifer vu Briech, deen uganks vum 19. Joerhonnert an der Donkelsser Géigend Kierf verkaaft, an de Leit Geschichten iwwer déi sëllege Wëllef erzielt huet, déi en doutgemaach hätt, a fir déi Geschichten Iesse geheescht huet. Hie war mat engem Wollefspelz gekleet, dofir säin Numm. Duerch dëst markant Optriede war en iwwerall an deem Streech bekannt, soudatt et zum Ausdrock "Bekannt wéi den Donkelsser Wollef" koum.

Bekannt si ‘wi de Wollef vun Donkels’ ass en Hiwäis op e Schéifer vu Bras; dësen huet ufanks vum 19. Joerhonnert hei Kierf verkaaft an Aventure mat Wëllef erzielt a wollt da fir seng Geschichten eppes z’Iessen.