Om Wee vom Donkelser Wollef
um weitere Bilder zu sehen.
« De Pappa gung fort op de Maart,
Mai Kendchen, nu muss de mer schlofen.
Wat rubbelt am Haff un der Paart?
De Béisen, hei kennt en déch strofen! »
Un d’Fënsterche rëffelt de Baart
Séch den Donkelser Wollef. –
« De Wollef, kleng Mammi, as léif,
Dee kënnt nët, mat Rudden ze winne;
Ech schruf em dach d’lescht nach e Bréif,
E bréngt mer mai Kierfchen aus Schinnen;
Gutt Mammi, schneit déif an de Gréif
Fir den Donkelser Wollef. »
De Schéifer vu Briecht, e koum hell
Duurch d’Bierger, méi flénk wei vill Jonger;
Fir Palfong dem Wollef säi Fell,
Deem leschten, an drënner säin Honger;
Bei d’Heiser mat mierdrësche Knäll
Gung den Donkelser Wollef.
Am Wollefspelz stouch him gewëss
En Hierz voller Guttheet, deem Lousen;
E lackelt, trotz groussem Gebëss,
All Kanner vu Baaschtneck bis Housen
Mat Kierwercher, Biren an Nëss
Em den Donkelser Wollef.
An d’Hausfra, si wëscht an den Eck,
Si kickelt mam Kolla a schnëppelt
En deftege Krack an de Speck;
A wéi en rëm weider dann trëppelt,
Do laacht an de Baart séch de Geck;
O du Donkelser Wollef!
Dir all och, déi jachtelt duurch d’Land
A mengt, et keim keen iech derhanner,
Ze lackle, geduckt hanner d’Wand,
Em anere leiden hir Kanner;
Getréischt iech, dir all sit bekannt
Wéi den Donkelser Wollef.