Mëtt Juni 2025 geet eng laang Traditioun an e Stéck Duerfliewe zu Enn.

Déi lescht Woch krute märr et gesot an et stoung och schwaarz op wäiss op engem Ziedel, dee beim Brout derbäi louch. Vo Mëtt Juni on kënnt de Bäcker ZEIMES net méi op den Tour an domat geet dann hei am Duerf eng laang Traditioun op en Enn. De Bäcker ZEIMES ass e Familljebetrib vo Wëlwerwolz bei der Kierch, dee schon eng laang Geschicht hott.


An den Archive fanne märr an der Sessioun von der Meeschterprüfung von 1933 e Joseph ZEIMES deen seng Prüfung als Bäcker a Patissier bestanen hott. Hie war spéider Bäcker zu Hengescht.


Am Handelsregëster vom 13. August 1932 ass dann och eng Bäckerei ZEIMES zu Wëlwerwolz agedroen, déi et do schon zanter 1930 gëtt a vom Nic. an Jos gefouert gëtt.


1957 mecht de Pierre ZEIMES seng Meeschterprüfung an zwee Joer méi spéit, 1959 den Armand Zeimes. Déi zwee Bridder baken dann zesomen d'Brout fir de Kiischpelt an eng Rei Dierfer ronderëm. Dat missten da Wëlwerwolz selwer, Lellgen, Pënsch, Äischer, Draufelt a Siwwenaler gewiescht sënn, mat ronderëm, Mäerkëlz, Alschent, Kautebaach, de Café Halte an Eschweiler.


1978 da kritt de Roland Zeimes säin Diplom als Bäckermeeschter iwwerreecht , hien deen haut nach zu Wëlwerwolz baakt. Tëschenduerch hat hien och mat senger Schwëster Alice eng Filial zu Uewerwolz bei der Kierch. Ma de Buttik zu Wëlwerwolz gouf laang Zäit, an dat bis an den héijen Alter von der Mamm, der Suzanne BOENTGES geleet.


De Bäcker ZEIMES ass och ëmmer mam Brout op den Tour gefuer an hat dobäi och alt emol Pech, sou wéi et de 15. Juni 1949 am Lëtzebuerger Wort stoung.


Merkholtz. — Gestern am späten Nachmittag ereignete sich unterhalb unserer Ortschaft ein leichter Verkehrsunfall. Herr Zeimes, Bäckermeisteraus Wilwerwiltz, in Begleitung seines Sohnes, war auf seiner Geschäftstournee und wollte beim „Halte"in die Kautenbacherstraße einbiegen, als er aus unbekannter Ursache gegen einen Baum fuhr. Glücklicherweise geschah Herrn Zeimes und seinemSohn kein Leid. Der noch nagelneue Chevrolet-Wagen jedoch ist arg verbeult worden.

De Nic. ZEIMES hott de Leckt d'Brout nach bis an d'Kiche brocht an hott sech ëmmer ogemellt mat engem harden "Hei ass hei" oder "Hei ass de Boulanger" mat enger staarker Betounung op der leschter Silb. Wann een hockt e Pond Brout an der Hand hält an da bedenkt, dass et zu där Zäit fënnefpënnegt an dräipënneg Brout goufen. Wou ass déi Zäit nëmmen higaangen?

Zu menger Kannerzäit ass de Pierre ZEIMES mam Brout komm, eng blogro Schipp an e schwaarze Beret ware seng typesch Kleedung. Hie koum Dasdes a Samsdes, all Kéier am Nomëtteg a wann den Tour duerch d‘Duerf fäerdeg wor, gouf et an der Hotel beim Ketty oder beim Jim och nach eng Këppelchen.


An ech ka mech och nach dron erënneren, dass hien am Hierscht bei de Bauere Balle Weess geloden hott, fir dorauser Brout ze baken. Déi goufen dann an der Racké'smille gemolen an dono zu Brout verbaakt.