D'Amicale LPL um "Lieu de Mémoire" Schumann'seck.

Op engem sonnegen Freideg am Juli hat de Verwaltungsrot von der Amicale LPL seng Memberen op de Schumann'seck invitéiert. Do wou d'Spueren von der Ardennenoffensiv, déi tëschen dem 27. Dezember 1944 am 21. Januar 1945 gelocht goufen, haut nach op engem Gedenkpad ze gesi sënn, hott den Här Frank Rockenbrod vom Nationale Musée fir Militärgeschicht eng ganz léierräich Féierung ogebueden. Bei all eenzel Statioun goufen et Erklärungen iwwert dat wat deemools do geschitt ass. Mat moderner an digitaler Technik ass et haut méiglech sech op der Platz Filmdokumenter an Tounopnamen unzekucken an unzehéieren. Ech war bis elo e por mol op dem sougenannte "Lieu de Mémoire" an dem Här Rockenbrod seng Ausféierungen hon vill eenzel Detailer aus den Zaldoten hirem batteren Alldag bildlech gemaach. Ech war och eng Kéier am Wanter op der Plaz, wéi eng Spuer Schnéi louch. Deemools honn ech dann och nach e bësse von der Keelt gespuert déi et am Wanter 44/45 gouf. Et kann een sech nëmme verneige viron dem Asaaz von deene jonken Zaldoten, déi fir eis Fräiheet hiert Liewe ginn honn. A viron deenen, déi e grousst Affer brocht honn a sécher hiert Liewe laang beandrockt, wann net traumatiséiert waren.