Generalversammlung von der Amicale LPL – Lëtzebuerger Patriote Liga zu Housen
um weitere Bilder zu sehen.
Bei der Kierch, beim "Monuments aux Morts" haten sech d'Membere von der Amicale LPL getraff fir Blummen néierzeleeën an domat on all déi ze erënneren, déi am zweete Weltkrich an der Resistenz géint den Naziokkupant aktiv waren. Den Edmond Faber hott déi kleng Zeremonie musikalesch verschéinert an de Buergermeeschter Romain WESTER hott der Amicale Merci gesot, dass een dësst Joer fir déi Feier zu Housen zesummekomm ass. Grad an dësen Zäite wär et richteg a gutt, on d'Affer ze erënneren, déi eis Virfaren deemools opbrocht honn.
Virum gemeinsame Mëttegiessen am „Restaurant du Camping“ hott d'Gemeng Park Housen op den Aperitif agelueden an uschléissend war dann d'Generalversammlung von der Amicale. De President Marc FISCHBACH konnt 20 Membere begréissen an hott dann och Jidderengem en MERCI gesot fir dat wat am Lof vom Joer an der Amicale geleescht gouf. Fir hie wär et wichteg weider d'Geschicht vom zweete Weltkrich opzeschaffen, ma et wär iewer och interessant sech mat de Memberen a frëndschaftlecher Atmosphär ze treffen an auszetauschen.
Dono hott de Sekretär Nico HAMEN iwwert d'Aktivitéite vom Joer 2025 Bericht gemaach. Dee gréisste Batz Orbicht war dobäi d'Upassung von de Statuten on d'Gesetz vom 7. August 2023. Am Juli bei schéinem Summerwieder haten d'Membere von der Amicale, zesumme mam Här ROCKENBROD den "Sentier de la Mémoire" um Schumannseck besicht an do ganz interessant Erklärungen nogelauschtert.
Net manner ewéi 22 mol war de Fändel von der Amicale bei offizielle Feierlechkeeten derbäi an dofir dem Nico THILL e groussen MERCI.
D'Kees, déi vom Pit HUSS gefouert gëtt, hott d'Joer 2025 mat engem klenge Benefice ofgeschloss. An och bei der Kontroll von der Kees konnt keng Onreegelméissegkeet festgestallt ginn. Fir d'Joer 2027 gouf de Joresbäitrag op 15 Euro festgeluecht.
Eestëmmeg hott d'Versammlung dem Verwaltungsrot dann Entlaaschtung ginn an dee wëllt sech och 2026 beméie fir d'Erënnerung on d'LPL Resistenzler lieweg ze halen, viron allem deene, déi fir d'Heemecht hiert Liewe gelooss honn. Mat der Aluedung fir d'Generalversammlung war eng Nummer vom "de Cliärrwer Kanton" verschéckt ginn. Doran waren zwee ganz interessant Artikelen iwwert d'LPL ze liesen.