Besuch am "Billek" zu Dräibuer

Déi fréier Zentralschoul fir d’Gemenge Fluessweller a Wormer zu Dräibuer heescht ewell „Billek“, an un engem Billek wuesse bekanntlech Drauwen, aus deenen hei op der Musel haaptsächlech Wäi gemaach gëtt.
1992 wor e gudde Joergank, wéi een am Internet bei der Wäibaustatioun vu Réimech noliese kann. Et gouf virun allem eng grouss Quantitéit, a well d’Wieder gënschteg wor, hate virun allem déi „edel“ Zorten och eng héich Qualitéit.
D’Meedercher an d’Jonge vum „92er Dräibuerer Cru“ haten sech fir hiren 1. Konveniat no 20 Joer en Donneschdeg, den 19. Juli, an deem fir si neie „Billek“ Rendezvous ginn, zesumme mat hirem Léierpersonal, dat si déi 6 Joer begleet hat: d’Joffere Josée Duhr a Josée Reinert, an d’Schoulmeeschteren Nico Hienckes a Jemp Rollinger. De Chef-Schoulmeeschter vum „Billek“, de Luc Sinner, huet si iwwerall higefouert, a si wore verwonnert driwwer, wéi besonnesch d’Piscine an d’Turnsäll sech an där Zäit verännert hunn. Si wore frou, hiren ale Schoulsall erëmzegesinn, wou si zesumme geschafft a geschweesst, gemoolt, gebastelt gesongen a Flütt gespillt hunn. Natierlech gouf eng „nei Klassefoto“ geknipst vun deenen nëmme liicht gëeelsten Élèven mat hirem Léierpersonal.
Zum Schluss vun der Visite huet hire Guide si duerch déi ugebauten, fuschnei Maison-Relais gefouert, déi bei där nächster Rentrée fir e puer honnert Kanner a Betrib geet. Et gouf vill driwwer gestaunt, wéivill déi zwou, dach éischter kleng Landgemengen, an deenen 20 Joer hei zum Wuel vun der Bildung an der Erzéiung vun hire Kanner investéiert hunn.
No engem passende Merci un hire Guide huet den „92er Dräibuerer Cru“ sech op de Wee erof op d’Musel gemaach, wou den Owend „An der Tourelle“ bei engem gudde Maufel a villen interessanten Erënnerunge verklongen ass.
Eng „Affaire à suivre“, wéi verschiddener gemengt hunn!