D'Maison Relais BILLEK war als Ofschloss vun den Summeraktivitéiten am Eifelpark.

Och an dësem Joer waren d'Summeraktivitéiten zu Dräibur an der Maison Relais BILLEK mat 135 Aschreiwungen gutt besicht. Musek, Zirkus, Märchenwelt, Abenteuer, Holzatelier, Natur, Hundertwasser, Fräizäit, Recycling, e Piscine-Marathon esou wéi de Billek Soccer Cup waren d'Themen mat deenen d'Kanner beandrockt ginn sinn. Als Ofschloss vun engem kreativen, ofwiesslungsräichen Programm, waren d'Kanner vun der Maison Relais BILLEK am Eifelpark.