Grondschoul Billek - Diplomer fir Schoulbusbegleeder

E Mëttwoch den Owend kruten 20 Kanner vum Cycle 4 aus der Grondschoul Billek hieren Diplom als Schoulbusbegleeder iwwerreecht. Si hate viru Schoulufank un enger Formatioun vun engem Dag deelgeholl an dobäi geléiert, wat hier Aufgab als Schoulbusbegleeder ass.

De Projet Schoulbusbegleeder, initiéiert vun der Police grand-ducale, dem Schoulsyndikat Billek a Voyages Emile Weber, leeft elo schon am 3. Joer an der Grondschoul Billek. Ziel vum Projet ass et, d’Gewalt am Bus ze verhënneren an domat d’Sécherheet fir all Schüler ze verbesseren. De Schoulbusbegleeder soll gezielt beobachten, kritesch Situatioune schnell erkennen, richteg intervenéieren ouni sech selwer a Gefor ze bréngen. Duerch richtegt Optrieden léiere Schülerinnen a Schüler esou gesellschaftlech Matverantwortung ze iwwerhuelen, Zivilcourage ze weisen, Konflikter ze léisen an Teamgeescht ze entwëckelen.

No der Begréissung duerch d‘Madame Juliette Jans, Vize-Presidentin vum Schoulsyndikat, huet den Här Laurent Goedert (Service Prévention vun der Police) den Elteren an Éiregäscht de Projet Schoulbusbegleeder kuerz virgestallt. Duerno goufen d’Diplomer iwwerreecht vum Här Alain Engelhardt aus der Police Direktioun vu Gréiwemaacher zesumme mat den Häre Buergermeeschteren Jean Beining (Wormer) an Théo Weirich (Fluessweiler) an dem Här Roland Heinisch vu Voyages Emile Weber.

Als Ofschloss huet de Schoulsyndikat Billek en Éirewäin an en Éirejus zerwéiert.