Ofschloss vum 1. Tour bei de Minimes vum FC Koeppchen

D’Entente Weiler-Itzeg, de Géigner vun de Minimes um läschte Samschdeg, huet nach 1 Punkt gebraucht fir aus eegener Kraaft den Opstieg an d‘3. Divisioun perfekt ze maachen. Den FC Koeppchen wor awer net gewëllt dee Punkt einfach esou hierzeginn. Deemno konnt ee sech op e spannende Mätch gefaasst maachen. An dat koum och esou.
Ënnert der Leedung vum Arbitter Kayser hat Weiler-Itzeg dee besseren Ufank a goung mat 0-1 a Féierung. Kuerz drop konnte si souguer op 0-2 erhéigen. Wormer huet sech awer net geschlo ginn an huet mat engem schéine Kappball vum Ivo, op Flank vum Yannick hinn, zum 1-2 eragesat. Dat gouf neien Opdriff a kuerz drop huet de Felix den 2-2 geschoss.
Nodeems Weiler-Itzeg erem a Féierung gaang wor, déi den Ivo zum 3-3 nees ausgeglach hat, konnt de Marcos kuerz viru Schluss de verdéngte 4-3 fir Wuermer markéieren. Weiler-Itzeg stoung mam Réck zur Mauer an huet em d’Friichte vun der ganze Hironn gefaart. Hinnen ass et dunn awer gelong vun enger Onopmierksamkeet an der Wormer Verteidegung ze profitéieren fir an der läschter Minutt vum Mätch zum villemjubelte 4-4 eranzesetzen. D’Freed bei der Ententeséquipp wor grouss, mee och déi Wormer woren net enttäuscht.

Nom Mätch hu mir dem Marc Ferron, Trainer vum FC Koeppchen, nach 2 Froe gestallt:

Wéi gesäit den Trainer d’Évolutioun vun der Équipe am 1. Tour vum Championnat?
Wann ech d'Équipe elo vergläiche mam Ufank vun der Saison, da kann ech e grousse Progrès feststellen. D’Jonge fänken u kollektiv ze spillen, wei z. B. den „Dräieck“ oder d‘„Verschieben“.

Wat ass d’Ziel fir den 2. Tour?
Ech sinn zouversichtlech, datt mir dat nach besser kënne maachen an hoffen eventuell den 2. Tour an déi 3. Divisioun opzesteigen.