D'Crèche "La Chouuette" ënnerstëtzt e Projet fir Stroossekanner am Sengegal

E grousse Merci un d'Damë vun der Crèche la Choouette zu Mondorf. Si hunn op de Chrëschtmaert fläisseg Sue gesammelt fir eis ze ënnerstëtzen. 313 Euro sinn dobäi erauskomm, op dëser Plaz also och e grousse Merci un d'Elteren, déi deen een oder aneren Euro bäigeluecht hunn. 


Wou genau ginn di Suen hin? 


Mat dësen 313 gëtt speziell eise Projet a Kollaboratioun mat der ONG JED (Jeunesse et Developpement) an den éclaireurs et éclaireuses du Sénégal (EEDS) ënnerstëtzt. Zesumme mat eise Partner schaffe mir géint Gewalt géint Stroossekanner a géint Kanneraarbecht.


Problematik bei de Koranschoulen


Vill Kanner aus de Koranschoulen, fir genau ze si 7000 Kanner zu Matam, sollten eigentlech an d'Schoul goe fir eppes ze léieren, ginn awer schlussendlech op d'Stroosse geschéckt fir heeschen ze goen. Dobäi sinn se net just all méigleche Geforen ausgesat, och gëtt sech net drëms gekëmmert dass se Iessen oder dass se eng sécher a propper Plaz hunn fir ze raschten. 


Am Kader vun eisem Projet wëlle mer d'Kanner vun de Stroossen ze halen:

Dofir setzen mer ënner anerem bei deenen an de Communautéiten un, déi "d'Soen hunn", ënner anerem d'Enseignanten aus de Koranschoulen. Hei geet et gréisstendeels dorëms Sensibiliséierungsaarbecht ze leeschten, hinnen d'Wichtegkeet vun enger anstänneger Ausbildung nobréngen an och Persounen op den Terrain ze schécke fir ze  kontrolléieren dass d'Kanner net op de falsche Wee geroden.


Nieft dem Volet vu Sensibiliséierungsaarbecht geet et natierlech och drëms fir d'Liewenskonditiounen an de Koranschoule selwer ze verbesseren: Anstännegt Iessen, Netzer géint Moustiquen, proppert Waasser a sou weider. 

Virun allem gëllt et awer de Koranschoulen alternativ Methode fir Suen anzedreiwen unzebidden, fir ze vermeiden dass d'Kanner dofir opkomme mussen.

Am Kader vun eisem Projet ginn op deene verschiddene Niveauen am Ganzen 1500 Kanner gehollef, 15 Koranschoule verbessert a 15 Enseignantë vun de Koranschoulen opgekläert a betreit.


An iwwerrenns: All eis Finanzementer ginn all Joers am full audit iwwerpréift a verëffentlecht. Sou wëlle mer déi bescht méiglechst Transparenz sécherstellen.

Fir weider Informatioun zéckt net bei Padem.org laanscht ze kucken.