D’Primärschoulschüler aus dem 3. Schouljoer aus der Zéissenger Fondamentale hunn, an deene leschte Woche Spende gesammelt, an och selwer Mënz bäigeluecht fir d'ONG PADEM (kuerz fir Programme d'Aide au Développement des Enfants du Monde) an hire Projeten ze ënnerstëtzen.
Houfreg, hunn d'Schüler PADEM e Spenden-Scheck iwwerreecht. An deene lëschte Wochen huet sech d’Klass um Sammele vun de Spende bedeelegt. Dobäi si schlussendlech 111 € zesumme komm.
Domatten ënnerstëtzen si direkt eise Projet mat Sambhali Trust an Indien, eng ONG déi sech am Rajasthan (an der Wüst vun Thar) fir d’Educatioun vu Kanner a Fraen asetzt.
An diversen Ausbildungszentre gëtt do Frae gehollef en Handwierk ze léiere fir sech selbststänneg maachen ze kennen.
Ob des Manéier sollen dann, wann méiglech, och Zwangsbestietnisser vun de Fraen a Meedercher verhënnert ginn.
D’Zwangsbestietniss ass a verschiddene Regiounen an Indien ëmmer nach Usus. Dat läit ënner anerem dorun, dass d’Duechtere „näischt bäisteiere kennen“ (well se ni an d’Schoul geschéckt gi sinn) an de Famillen zur Laascht falen.
Op der anerer Säit gëtt et dann d’Situatioun vun de Stroossekanner an Indien, déi deene meeschte Leit bekannt sollt sinn. Och des sollen am Kader vun den Educatiounscentre vu Sambhali Trust en Chance op berufflech Perspektive gebuede kréien.
Nieft den Haaptdisziplinne wéi rechnen, Hindi an Englesch ginn d'Fraen a Kanner vu Sambhali Trust awer och an diverse Fräizäitaktivitéiten encadréiert, fir sech kreativ a sportlech auszeliewen. Dozou gehéiere beispillsweis och Self-Defense Course fir Meedercher a Fraen.
Alles an allem ass de Projet zu Indien e groussen Erfolleg. 450 Frae kommen all Dag an di sougenannte „Empowerment Centres“. Mir soen also Merci, un d’Schüler aus der Fondamentale vun Zéisseng, fir all Cent dee fir eis gesammelt ginn ass!
Fir méi Infoen iwwert eis Projete, kuckt laanscht, bei www.padem.org