D'Mathilde Duval-Watry huet hier 85 Joer kritt

Den 19. Juli huet d'Mathilde Duval-Watry vun Diddeleng hier 85 Käerzen ausgeblosen. D'Jubilarin ass d'eenzeg Duechter vum Pierre Watry a Marie (Henriette genannt) Jauchem. Si huet sech den 27. Februar 1954 bestuet mam Duval's Jeng vu Kayl, dee leider scho fréi verstuerwen ass. Am Kader vun enger flotter Feier um " Thelenhaff" zu Welfreng hunn hier eenzeg Duechter Sylvie an hiren Eedem Daniel Andrich hier zesummen mat der Famill a ville Frënn häerzlech gratuléiert an hier nach vill zefridde Joeren bei beschter Gesondheet gewënscht.