Viru kuerzem huet d’Sylvie Andrich-Duval säi 60. Gebuertsdag gefeiert. D’Jubilarin ass d’eenzeg Duechter vum Mathilde Watry vun Diddeleng a vum Jean Duval vu Kayl.
Di 1958 zu Diddeleng gebuere Sylvie Duval huet Psychologie op der Uni zu Léck (B) studéiert. Si hat Responsabilitéitsposten a verschiddene sozialen Institutiounen, dorënner d’Direktioun vun der Fondatioun Pro Familia bis se als Regierungsrot an de Familljeministère beruff gouf. Hire professionelle Wee huet se zu dozou bruet sech politesch an hirer Gemeng an op nationalem Plang z’engagéieren a si denkt nach esoubal net un d’Pensioun.
Am Kader vun enger flotter Feier am Domaine Thermal zu Mondorf, huet hire Mann, den Dan Andrich, zesumme mat der Famill a mat ganz ville Frënn der laangjäreger Gemengeréitin an Deputéiert fir hire ronne Gebuertsdag gratuléiert. (Fotoen: Claude Piscitelli)