De LIONS CLUB GEHAANSBIERG huet e Scheck iwwer 3400 € un de TELETHON iwwerreecht

Viru kuerzem huet de LIONS CLUB GEHAANSBIERG, zesummen mat AITIA (l'Institut étatique d'aide à l'enfance et à la jeunesse) ee Scheck iwwer 3 400€, aus dem Erléis vun hirem gemeinsame Stand um Munnerëffer Chrëschtmaart 2022, un den Téléthon Lëtzebuerg iwwerreecht.

Den Téléthon Lëtzebuerg huet sech zanter 30 Joeren der Fuerschung vun de „Maladies rares et génétiques“ verschriwwen. D'Kanner aus de Wunngruppen vun AITIA hunn mam Verkaf vun selwer gebâkene Chrëschtkicheler ee wäertvolle Bäitrag zum Erléis vun dëser éischter Editioun vum LC Gehaansbierg um Munnerefer Chrëschtmaart bäigedroen.

De Lions Club Gehaansbierg, matt aktuellen 34 aktive Memberen, ënnerstëtzt sengersäis och d'AITIA an ass am Laaf vum Joer och op ânere Plaazen sozial engagéiert, wéi zBsp. bei der Collecte fir den Cent Buttik (am Abrëll) an d'Banque Alimentaire (am November) am Cactus Beetebuerg.

Weiderhin wärten och âner wertvoll Initiativen a Projet'en dësst Joer finanziell vum LC Gehaansbierg ënnerstëtzt ginn.