Fir d'véierte Kéier huet de LIONS Club GEHAANSBIERG dëst Joër op eng Scheckiwwereechung invitéiert. Jeweils e Scheck iwwer 3300 € kruuten d'APEMH Atelier Lampech an d'Trisomie 21 Lëtzebuerg. D'Madame Carine Schreiber, Direktesch vun den Atelier'en vun der APEMH zu Lampech an den Här Gaspar vun der Direktioun APEMH hu betount, daat dee schéine Geste absolut wëllkomm ass fir ee Projet fir d'Gäng vum neie Site zu Lampech duerch Grafiti ze verschéineren. D'Invitatioun de färdeg Projet dann sur place am Hierscht kucken zegoen, hun d'Lions Member da gären ugeholl.
D'Madame Martine Eischen, membre fondatrice a Präsidentin vun der Asbl Trisomie 21 Lëtzebuerg huet dann hierersätz e grousse Merci ausgeschwaat fir dee generéisen Don. Si huet betount, daat den inklusive Projet vum Restaurant 'Madame Witzeg' zu Bieles op der Waasertraap wuel zu groussen Deeler vun staatlechen Hëllefen finanzéiert gët, mee eben nët alles, an dofir kënnt dee Scheck och ganz geléen. Och hei gouf d'Invitatioun am Hierscht fir e Besuch am Restaurant 'Madame Witzeg' vun de Lions Member gären ugeholl.