Den 30. Juni 2026 huet de WELTBUTTEK DIDDELENG no bal 30 Joer seng Dieren definitiv zougemaach.
Deen Dag hunn d’Benevollen sech eng allerleschte Kéier am Buttek getraff. Si all wäerten sech ëmmer gären un déi schéin Zäit an déi vill flott Momenter, déi si zesummen erlieft hunn, erënneren.
Op dësem Wee soen d’Benevollen all hire Frënn, Bekannten a Clienten villmools Merci fir hir Trei a fir déi solidaresch Ënnerstëtzung vum Fairen Handel.