„Ulcère de Buruli“ - Schwëster Danièle Kayser

Déi 5 fréier Schülerinnen vun der Schwëster Danièle soen VILLMOOLS MERCI!


Mat der Hëllef vun all eise Frënn a Bekannten konnte mir d’lescht Joer d’Schwëster Danièle nees ënnerstëtzen.

Mir hu bei d’Alternativ Mäert matgemaach, mir waren op 2 Floumäert dobäi a mir haten ee Stand um Chrëschtmaart.

Mir haten awer och déi grouss Freed, dass d’Schwëster Danièle eis op ee Stand besiche komm war. Si konnt dunn verschidde Leit perséinlech Merci soen fir déi Ënnerstëtzung déi si vun de Leit kritt huet. All deene ville Leit, déi duerch de Kaf vun eise Saachen, si och ënnerstëtzen, seet d’Schwëster Danièle awer och Merci.

D’Schwëster Danièle konnt e bësschen verzielen wéi déi Kanner, déi den „Ulcère de Buruli“ hunn, behandelt ginn.

Duerch d’Fotoen an d‘Berichter, déi d’Schwëster Danièle eis ëmmer nees schéckt, si mir ëmmer nees op ee Neist motivéiert fir virun ze schaffen.

Mee ouni all Är Hëllef kéinten mir d’Schwëster Danièle net ënnerstëtzen. An dofir nach eng Kéier ee ganz grousse Merci un iech all.