50 Joer Première

E Samschdeg, den 5. Juli 2025 hun sech 33 "Schüler" vun der Promotioun 1975 mat e puer Proffen aus dem Lycée classique Echternach getraff fir zesummen hir 50 Joer Premère ze feieren. Et war e flotten a gelongenen Dag mat vill Laachen an Erënnerungen. A si hunn sech all virgeholl, dass et secher net déi läschte Kéier war, wou si sech erëmgesin.