D’Gemeng Iechternach huet sai Fuerpark erneiert

Virun e puer Deeg haten d’Gemengevertrieder vun der Staad Iechternach hier Matarbechter vum techneschen Dengscht a vum Service forestier op eng kleng Feierstonn an hierem Atelier am „Alferweiher“ agelueden. Bei deser Gelegenheet gouf den neien Fuerpark virgestallt. Et sin an de Joeren 2020,2021 an 2022 am Ganzen 1,1 Millionen Euro fir nei Maschinen investéiert gin. Dobai handelt et sech deelweis em ganz nei Gefierer, awer och méi al Material ,dat huet missen ersaat gin.