Marche du Souvenir

Am Kader vun der Commemoratioun „70 Joer Ardennenoffensiv“ haten d'Stad Iechternach, déi lokal Sektioun vun den "Enrolés de Force" an de "Syndicat d'initiative et de tourisme Echternach" e Samsdeg, de 17. Januar 2015 e "Marche du Souvenir" organiséiert.

Vill interesséiert Leit, dorënner en etlech Kanner a Jugendlicher, sënn den Tour duerch d'Abteistad matgaang. Um Maart, bäi der Houtfabréck, bäi der Sauer op der Gare an an der Basilika hunn den André Hartmann, den Yves Wengler, den Emile Hansen an de Pierre Kauthen drun erënnert, wat sech am 2. Weltkrich, a speziell am Wanter 1944/45, op dëse Plazen ofgespillt huet.