Musikstage vun den HarMunEch Hämelmausbléiser an Young Harmonists zu Iechternach

De Weekend vum  31. Mäerz 2017 – den 2. Abrëll 2017 hu sech d’HarMunEch Hämelmaousbléiser (Jugendorchester vun der Eechternoacher Stadmusik ) zesumme mat de Young Harmonists, (Jugendorchester vun der Diddelenger Stadmusik) zu Iechternach fir e gemeinsame Stage getraff.

E Programm vun 8 neie Stécker  huet missen an dëser kuerzer Zäit mat de Jonken am Alter vun 9-20 Joer zesummen erschafft ginn. Do dernieft sinn déi jonk Musikanten awer och mat Spiller, Ralley asw. gutt encadréiert ginn. E richtegen Teambuilding huet sech erkennbar gemaach an nei Frëndschaften hu sech entwéckelt.

Dëse flotte Projet ass Sonndes Nomëttes mat engem Concert ofgeschloss ginn, wou jiddereen, virun allem awer d’Elteren an d’Frënn vun de Musikanten sech e Bild iwwert d’Prouwenaarbecht konnte maachen.

D’Resultat huet fir sech geschwat. Gutt 150 Leit hunn de Wee op Iechternach an d’Jugendherberg net gescheit an duerften un engem richteg schéine Concert deelhuelen.

Vun dëser Plaz aus nach eemol e grousse Merci un déi Responsabel an un d’Animateure  vun denen 2 Jugendorchesteren, déi sech ëm déi ganz Organisatioun gekëmmert hunn. Awer virun allem e grousse Merci un d’Kanner an déi Jugendlech aus deenen 2 Veräiner, dat si esou tatkräefteg mat geprouft hunn a mat vill Spaass an Iwwerzeegung derbäi waren.

Musik verbënnt, dat hu mir op dësem Stage geléiert an et war fir Grouss a Kleng, Jonk a manner Jonk eng richteg positiv Erfahrung.