Pilgermass beim Graf vum Hellege Willibrord

17. November 2018

Pilgermass vun de Lëtzebuerger Massendénger zu Iechternach

Ënner feierlechen Uergelkläng vum Sidney Scho, sinn déi 80 Massendénger zesumme mat den Häre Jean-Pierre Reiners, Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, Francis Erasmy, Tristan Häcker, Ricardo Monteiro a Carlo Morbach feierlech an d'Basilika ragezunn.

An der Massfeier gouf ganz besonnesch un de Willibrord als Friddensapostel geduecht – sou heescht et jo och an der Willibrorduslitanei „Hl. Willibrord, Stifter von Frieden und Gerechtigkeit“.

An der Priedegt huet den Här Nationalaumônier ee puer Charaktéristike mat Hëllef vun engem „Virnummspill“, wéi déi jo an de sozialen Netzwierker ganz dacks gemaach kënne ginn, erkläert.

W – Wëllen
I – Initiator
L – Léift
L – Loyalitéit
I – International
B – Beroder
R – robust
O – offen
R – Relioun
D – dagdeeglech

Vill Massendénger, déi sech fir d'Pilgermass zu Iechternach afonnt haten, waren am Summer 2018 bei der internationaler Roumwallfaart, déi ënner dem mam Motto „Sich de Fridden a jo him no“ stoung, dobäi. Sou war et och selbstverständlech, datt d'Roumwallfaartslidd „Cherche la paix“, zesumme mam Kantor Olivier Nilles an der Basilika gesonge gouf.

Nom Seege sinn d'Massendénger a Prëssessioun bei d'Graf vum Hellege Willibrord gepilgert – wou jiddereen eng Friddensrous mat op de Wee krut an dat mam Optrag fir déi am Laf vum Dag als Friddenszeechen virun ze verschenken. No der Gruppefoto goung et op de verdéngten Apéro mat uschléissendem Mëttegiessen, wou vill Roum-Erënnerunge bei engem gudden Tris de pâtes opgefrëscht goufen.

Vill Massendénger hu sech een nächste Rendez-vous um traditionelle MAFREMA, den 30. Mäerz 2019 ginn.

Den hellege Willibrord ass iwwregens säit dem November 2014 den zweete Schutzpatréiner vun de Lëtzebuerger Massendénger – am Logo erkennt een dat duerch de Staf, dee sou am Bou duergestallt ass.

Http://massendenger.cathol.lu

massendenger@cathol.lu

Fotoen: René Scho