D'Chorale St Pie Éinen hat 2022 eng Rees op Roum ënnerholl

10 Joer no hierer leschter Rees huet d'Chorale St Pie vun Éinen dëst Joer een Ausfluch op Roum organiséiert an dat kuerz virun den Ouschterféierdeeg vum 10 bis den 13. Abrëll 2022. Déi dräi Deeg war ee gutt geföllten Programm vum Voyage Emile Weber opgestallt ginn. Deen éischten Dag hunn si sech dat antikt Roum ugekuckt mat Plazen wéi den Kolosseum, Konstantinbogen, Forum Romanum a Piazza Venezia. Den zweeten Dag dat chrëschtlech Roum mat dem Vatikanische Muse an dem Péitersdoum an den drëtten Dag dat klassecht Roum mat der spuenischer Trapp, dem Trevi Brunnen, de politeschen Zentrum vun Roum, dem Pantheon an der Piazza Navona.

D'Stëmmung war excellent an den Hotel an d' Restauranten och. D' Rees gouf virbildlech vum Sonny Schiltz-Bellion a vum Raymond Kohll-Leuck organiséiert an d'Luxair huet si gutt op Roum an nees zréck bruecht. Alles an allem war et eng ganz flott Rees déi hinnen all nach lang wäert an Erënnerung bléiwen an dat net eleng wéinst all deene schéine Plazen.