Fluessweiler : Den 3. Januar huet d’Chorale réunie Donwen-Fluessweiler ënner der Leedung vun hirem beschtbekannten Dirigent Jos Stutz hiren traditionelle Chrëschtconcert gesongen. Um neie Keyboard goufen si begleet vun hirem Pianist an Organist dem Thierry Konsbrück. Si hunn de Programm mam J.S. Bach sengem „Ich will den Namen Gottes loben“ ugefaangen. D’Misa a varii compisitoribus vun de Komponiste Brian Childers, Julien Hoffmann, Victor C. Johnson a Brian Lewis huet d’Léit an der Kierch begeeschtert. Duerno ass et mat alen a neie Kompositioune vum Patti Drennan, Victor C. Johnson, Keith Christopher, Cristi Cary Miller, Tomas E. Fettke a John Paige wieder am Programm gaangen. Den Entrée war fräi an zum Schluss vum Concert gouf eng Quête zu Gonschte vun der „Trauerwee asbl. Lëtzebuerg“ ofgehal an d’Lisa Schiltz-Clees, déi hir Associatioun virgestallt huet, krut e Scheck vu 500.- € iwwerreecht. Nom Concert huet d’Chorale an de Gemenge-Keller invitéiert fir den Owend bei engem gudde Pättchen a gemittlecher Ronn ofzeschléissen.