D’Madamm Catherine Christen-Mathieu huet hiren honnertste Gebuertsdag gefeiert

Am Joer 1921, also virun engem ganze Joerhonnert, huet d’Madamm Catherine Christen-Mathieu, genannt Nini, d’Liicht vun der Welt erbléckt. Si ass den 23. Mee am Stadgronn gebuer.


Bei Geleeënheet vun dësem erfreeleche Jubiläum hu sech d’Madamm Familljeministesch Corinne Cahen an den Här Buergermeeschter vun der Gemeng Habscht Serge Hoffmann, a Begleedung vu sengen dräi Schäffen, dem Här Carlo Moes, der Madamm Chantal Boulanger-Hoffmann an dem Här Manou Decker, et net huele gelooss, fir där rüsteger Madamm de Mount drop e Besuch ofzestatten a ganz häerzlech zu hirem honnertste Gebuertsdagsfest ze felicitéieren.


D’Madamm Ministesch hat der Jubilarin e puer flott Cadeauxë matbruecht, déi hir mat Sécherheet gutt schmaache wäerten, an den Här Buergermeeschter hat als Opmierksamkeet eng Kopie vum originalen Gebuertsakt vun 1921 dobäi – dës soll eng Éiereplaz kréien, wéi d’Duechter vun der Madamm Christen-Mathieu, verséchert huet.


D’Famill vun der Madamm Christen-Mathieu huet sech et zum Ofschloss net huele gelooss, fir de Gäscht eng Klengegkeet z’Iessen an ze drénken unzebidden an de Schäfferot vun der Gemeng Habscht huet hir nach vill Jore bei gudder Gesondheet dobäi gewënscht.