Eng musikalesch Zäitrees zu Habscht

Am vollbesaten, schéin dekoréierte Centre Polyvalent konnten d’Harmonie Habscht mat hirem Jugendensembel, de Mezzo Forte Bléiser ënnert der dynamescher Direktioun vum Ben Spartz hire Publikum begeeschteren. Vill Applaus kruten d’Jongmusikanten fir hir flott Aleedung vum Concert. Dono hunn d’Musikanten d’Nolauschterer matgeholl op eng musikalesch Rees vun 1929 bis an déi haiteg Zäit. Si sinn ënnerstëtzt ginn duerch déi talentéiert Blues Sängerin Chantal Gottschalk, déi mat hirer impressionnanter Stëmm de Publikum konnt matrappen beim Ouerwuerm “Minnie The Moocher“, dem Swing “Sing Sing Sing“, dem sentimentale Blues “Cry Me a River“, dem Gospel Lidd “Son of a Preacher Man“, dem Song “Think“ aus dem Film “The Blues Brothers“ an der rockeger Chanson “Que je t’aime“ vum Johnny Halliday. Weider matrappend musikalesch Interpretatioune vun der Harmonie waren “Johnny Cash Anthology“, “Carlos Santana“, “Addicted to You“, “I Feel It Coming“ an zum Schluss Highlights aus dem rezente Musical “La La Land“. D’Moderatioun vum Concert hat d’Josette Backes. Si huet net vergiess d’Leit ze invitéieren op de Gala Concert 2019, deen am Zeeche steet vum Centenaire vun der Habschter Musek.