Niklos Drive-in an der Gemeng Habscht - 5/12/2020

Och an dësem spezielle Joer huet d’Gemeng Habscht sech beméiht dass de Kleeschen an den Houseker all hir Tiitecher kënne perséinlech zoustellen.

Dofir huet d’Gemeng Habscht an Zesummenaarbescht mam Kleeschen en Drive-In an all Uertschaft organiséiert (Eischen,Habscht a Simmer) soudass d’Kanner déi nach net oder net op Habscht an d’Grondschoul ginn och hir Tiitchen vum Kleeschen kënne kréien.


Fir eis Kanner vum Cycle 1 an 2 gouf an der Schoul e klengen Drive-in organiséiert wou se d’Tiitche perséinlech vum Kleeschen zougestallt kruten. Natierlech kruten och all eis aner Schoulkanner hir Tiitchen an de Klasse verdeelt, dëst am Respekt vun de Gestes barrières.