Nit eweg geheien- Reparéieren !


Éischte Repair- Café am Kanton Réiden

Ell: Am Kontext vum nationalen Leader- Projet, huet sech d’Regioun Atert- Wark- Wëlle Westen am Kanton Réiden dem och ugeschloss. Esou war den éischten Repair- Café am Centre Camille Ney zu Ell gläich e groussen Erfolleg. E puer benevol Repairer hun mat hirem Wëssen probéiert fir di futtis Apparaten esou gut wi méiglich instand ze setzen. Vill Saachen konnten an denen puer Nommëtteg- Stonnen och a geselliger Ronn reparéiert gin fir dann nees an den Aasatz ze kommen an duefir och nit hu missen eweg bei de Schrott gehéit ze gin.Di nächst Oplag vum Repair- Café ass fir den 13. Mee zu Foulscht an den 1. Juli zu Wahl geplangt. (CR (Fotoen: Charel Reiser)