3000 € fir Asha Nepal vum Lions Club Gehaansbierg

Kierzlech huet de Lions Club Gehaansbierg, mat sengem President Fernando Ribeiro, e Scheck iwwer 3000€ un d'Organisatioun 'ASHA, Equality in Education for Children‘ aus dem Nepal, iwwerreecht, ganz nom Motto vum Lions Int. 'We serve'.


Stellvertriedend fir d’Madamm Sushma Bajracharya, Direktesch vun ASHA, hunn déi Dammen Anne-Marie Eschette an Tanja Ernster, zwou Léierinnen, déi wärend hirem Congé zu Kathmandu bei ASHA gehollef hunn, de Scheck entgéint geholl an intressant Informatiounen unhand vun enger Powerpoint geliwwert, ë.a mat wat fir engem Engagement ASHA sech fir d’Kanner a Weesekanner zu Kathmandu asetzt fir hinnen e gereegelten Alldag z’erméiglechen an duerch Ënnerstëtzung hinnen eng schoulesch Bildung an Zukunft liwwert. http://www.asha-hope.org.np/about/